D'Fichiere gi bei Iech duerch eng Verschlësslung geschützt, ier se iwwert e gesécherten Tunnel un déi bei der Post Telecom PSF gehost SeeZam-Serveure geschéckt ginn, wou si da schliisslech an d'Coffre-fortë vun de Benotzer geluecht ginn.
Mir installéieren d'SAPS-Software (SeeZam® Automated Posting Software) op Äre Serveuren, fir d'Produktioun vu Fichieren z'erkennen an se un déi concernéiert Persoune weider ze leeden. De Virgang selwer gëtt iwwerwaacht an eventuell Feeler beim Verschécke ginn opgelëscht fir ze behiewen.
Dir kënnt och all Zorte vun genereschen Dokumenter un d'Gesamtheet vun der Benotzer oder u virdefinéiert Gruppen (Employésgrupp, Aarbechtergrupp, Direktiounsgrupp asw.) verdeelen.
Loosst är Mataarbechter Dokumenter ënnerschreiwen, iwwerwaacht den Prozess, fir Erënnerungen ze schécken a späichert ënnerschriwwen Dokumenter sécher, ouni SeeZam ze verloossen.